Lorem ipsn gravida nibh vel velit auctor aliquet. Aenean sollicitudin, lorem quis bibendum auci elit consequat ipsutis sem nibh id elit dolor sit amet.

info@joelsartbox.lu
33, rue de la Gare, L-9420 Vianden
(+352) 123 456 789

  • Keine Produkte im Warenkorb.

Trolley Serie N°2

by Joel Meiers

Meng Konscht hunn ech laang Zäit just op der Leinwand verwierklecht. Elo sinn ech der Meenung, datt Konscht net just un der Mauer hänke muss. Een Trolley, wéi een se aus dem Fliger kennt, war fir mech den ideale Géigestand. Duerch seng schlicht Optik huet e vill Potenzial fir verschéinert ze ginn a gläichzäiteg säin Notzen z’erfëllen. Sief et als Bar oder fir all aner Zwecker. Loosst och Dir Ärer Kreativitéit fräie Laf, a reservéiert iech elo ären Trolley n°2.

Iwwer mech

Meng Konschtwierker goufe fir d’éischt Kéier am Joer 1997 zu Lëtzebuerg ausgestallt. Säitdeem schwätzt meng Konscht een diverst Publikum un, sief Neueinsteiger am Beräich vun der Konscht, oder méi erfuere Sammler. Mäi Stil kombinéiert animatiounsaarteg Attributer mat engem selbstbewosste Gebrauch vu Faarwen a Glassand. Verbonne gëtt Sënn fir Humor mat enger grousser Dosis Ironie a Spaass. Wëllkomm a menger Welt vu JoelsArt.

 

Trolley n°2 by Joel Meiers

3.200,00€

Sief et als Bar oder fir all aner Zwecker. Loosst och Dir Ärer Kreativitéit fräie Laf, a reservéiert iech elo ären Trolley n°2.

Bestellen

Kontaktéiert mech, fir ee vun dëse streng limitéierte Konschtwierker ze kréien. De Präis vun engem Trolley ass 3.200,00€.

Nodeems Dir Iech ageschriwwen hutt, gitt dir vu mir kontaktéiert fir Detailer ze beschwätzen.